En Diploméierten Erzéier - Niederkorn, Luxembourg - APEMH

APEMH
APEMH
Entreprise vérifiée
Niederkorn, Luxembourg

il y a 1 semaine

Jean Schmitz

Posté par:

Jean Schmitz

Recruteur de beBee


Description
Beschreiwung
D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstruktur zu Nidderkuer, een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir een CDI - 20 oder 30 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

**Responsabilitéiten**:
Betreiung an Fleege vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

**Obligatoresch Ufuerderungen**:
D'Kandidate sollen:

- Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
- Beruffserfarung hunn
- Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
- Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- De Führerschäin Klass B hunn

**Mir bidden**:

- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Lycée Ofschloss Beruffserfarung 0+ years

Plus d'emplois de APEMH