Administrative Mataarbechter/sekretär - Capellen, Luxembourg - Fondation Autisme Luxembourg

Fondation Autisme Luxembourg
Fondation Autisme Luxembourg
Entreprise vérifiée
Capellen, Luxembourg

il y a 1 semaine

Jean Schmitz

Posté par:

Jean Schmitz

Recruteur de beBee


Description
D'**Fondation Autisme Luxembourg** engagéiert fir seng Siten zu Capellen, Rammerech a Munzen een

**administrative Mataarbechter/Sekretär (M/F/x), CDD, 20 St./W.**

**Är Aufgaben**:

- Administrativ Aarbeschten, wéi d'Schreiwe vu Bréiwer, d'Festleeë vun Rendez-vousen, Telefonater, etc.
- Administrativ Gestioun vum Courrier a vun den Dossieren

**Äre Profil**:

- Diplôme de fin d'études secondaires techniques, régime technique, orientation secrétariat
- Erfarung am Beräich vum Sekretariat ass vu Virdeel
- Gutt Maîtrise vum Microsoft Office
- Gutt Maîtrise vun den 3 Landessproochen : Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
- Gutt redaktionnell Fäegkeeten, gudden Organisatiounssënn
- Flexibilitéit, Verantwortungsbewosstsinn, Grëndlechkeet, Dynamismus
- Equipegeescht a Kooperatiounsfähegkeet
- Führerschäin an Auto zur Verfügung

D'Kandidaturen, déi dësem Profil net entspriechen, kënnen net traitéiert ginn. Well de Matarbeschter (M/F/x) op deene verschiddene Site schaffe wäert, biede mer Iech w.e.g. nëmmen ze postuléieren wann Dir flexibel sidd.

**Mir bidden**:

- Eng villsäiteg, autonom a verantwortungsvoll Aarbescht an engem sech ëmmer weiderentwéckelndem Kontext
- Eng agreabel Aarbeschtsambiance an enger jonker, dynamescher Equipe

Mir akzeptéieren och Stagiairen a Bénévolen.

D'Bulletins 3 a 5 vum Casier judiciaire sinn der Kandidatur bäizefügen.

Plus d'emplois de Fondation Autisme Luxembourg