Educateur Diplômé - Luxembourg - arcus asbl

arcus asbl
arcus asbl
Entreprise vérifiée
Luxembourg

il y a 1 semaine

Jean Schmitz

Posté par:

Jean Schmitz

Recruteur de beBee


Description
Beschreiwung
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der_ Aide à l'enfance _an de_ Services d'éducation et d'accueil_ täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

**NEI STRUKTUR**

Du bass op der Sich no enger neier Erausfuerderung? Du hues Loscht an engem jonken Team eng nei Crèche mat zegestalten.

Dann bass du bei eis genau richteg. Mir sichen motivéiert, passionéiert an dynamesch Leit mat dem Ofschloss, **Educateur diplômé** an / oder **Educateur gradué** **(m/w)** fir eng **30-40** **Stonnen/ Woch CDI** an der neier Crèche Stauséi zu Harel.

**Mir bidden dir**:

- En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bidd fir dech mat dengen Iddien a pedagogesch Kompetenzen anzebréngen
- Weiderbildungs
- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
- E multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
- Eng Plaz, déi dir Stabilitéit an eng villverspriechend Zukunft am Beräich Kannerbetreiung gëtt
- E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag

**Obligatoresch Ufuerderungen**:

- Du bass motivéiert an oppe fir Neies
- Du hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen an deng Kompetenzen anzesetzen
- Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
- Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen
- Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

Du bass Interesséiert? Da schéck eis nach haut deng Kandidatur

Mir freeën eis dech geschwënn kennen ze léieren.
- (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)_

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French Beruffserfarung 0+ years

Plus d'emplois de arcus asbl