Ee Psycholog Fir Eis Ausbildungs- a - Luxembourg - APEMH

APEMH
APEMH
Entreprise vérifiée
Luxembourg

il y a 1 semaine

Jean Schmitz

Posté par:

Jean Schmitz

Recruteur de beBee


Description
D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Ausbildungs
- a Schaffstrukturen zu Betten, een Psycholog (w/m/x) fir ee CDI 30 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

**Responsabilitéiten**:
Är Missiounen sin d'Berodung a d'Begleedung am psychologesche Beräich vum edukativen an technesche Personal a vun de Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

**Obligatoresch Ufuerderungen**:
D'Kandidate sollen:

- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als Psycholog sinn
- iwwert Beruffserfarung verfügen
- Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimale professionellen Encadrement vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
- Equippegeescht hunn
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn

**Mir bidden**:

- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung

Plus d'emplois de APEMH