- iwwert Beruffserfarung verfügen
- Kenntnisser vun den Aarbechten an enger Wäscherei senn vun Virdeel
- Kenntnisser vun Bitzaarbechten an Retouchaarbechten senn vun Virdeel
- motivéiert sinn, fir eegestänneg, grëndlech, organiséiert an polyvalent ze schaffen
- motivéiert sinn, an enger Ekipp ze schaffen
- Verantwortungen iwwerhuelen kennen
- déi lëtzebuergesch Sprooch beherrschen, franséisch an däitsch sin vun Virdeel
- den Führerschäin Klasse B hunn
eng Botzkraaft - Bettange et Limpach, Luxembourg - APEMH
il y a 4 heures
Description
D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren zu Betten an Lampech eng Botzkraaft (w/m/x), fir een CDI - 20 oder 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken ( CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
• Den hygieneschen Ënnerhalt vun de Gebaier
• Déi ënnerschiddlech Aarbechten ze maachen, déi an eiser Buanderie ufalen: Wäschen, Strecken, Falen, Retouchen
• Eng Équipe vun Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung bei der Aarbecht ze begleeden.
Obligatoresch Ufuerderungen
D'Kandidaten sollen:
Mir bidden
• attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
• en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.