een Assistant Social - Betten, Luxembourg - APEMH

    APEMH
    APEMH Betten, Luxembourg

    il y a 1 semaine

    Default job background
    OTHER
    Description

    D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren service social zu Betten am Bereich Atelier een Assistant social (w/m/x) fir ee CDI - 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

    Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

    Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

    Responsabilitéiten

    Als Uspriechpartner fir Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen an den Ausbildung a Schaffstrukturen vun der APEMH huet den Assistant Social folgend Aufgaben:

    • all nei Ufroen fir d'Ausbildungs- a Schaffstrukturen vun der APEMH ze analyséiren
    • d'Bedierfnisser an d'Ressourcen vun der Persoun z'évaluéiren an eng Aarbechtsorientation ze proposéiren
    • eng Begleedung bei all administrativen an sozialen Froen unzebidden
    • eng sozial Begleedung ze proposeiren
    • den Dossier vun der Persoun während sengem ganzen Parcours ze gereieren

    Obligatoresch Ufuerderungen

    D'Kandidaten sollen:


    • am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Assistant social sinn an iwwert eng Autorisation d'exercer verfügen.


    • iwwert stark Fäegkeeten an der Kommunikatioun verfügen an Gespréichtechniken kennen


    • iwwert Analysefäegkeeten verfügen


    • staarken Teamgeescht an Adaptatiounsfäegkeet hunn


    • flexibel, autonom an organiséiert sinn


    • die lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen. Kenntnisser am Portugiseschen sin vun Virdeel


    • exzellent schrëftlech Kommunikatioun op däitsch a franséisch hunn


    • den Führerschäin Klass B hunn

    Wënschenswäert Ufuerderungen

    Gutt Kenntnisser iwwert déi aktuell Sozial Legislatioun am Secteur "Handicap"ass vu Virdeel.

    Mir bidden


    • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.


    • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.