een diploméierten Erzéier - Limpach, Luxembourg - APEMH

    APEMH
    APEMH Limpach, Luxembourg

    il y a 2 semaines

    Default job background
    OTHER
    Description

    D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren zu Lampech een diploméierten Erzéier (w/m/x), fir ee CDD 6 Méint - 40 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.

    Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

    Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

    Responsabilitéiten

    Begleedung an Ënnerstetzung souwuel an der Initialausbildung wéi och an der Weiderbildung vu Jugendlechen mat enger intellektueller Beanträchtegung, déi an eisen Atelieren schaffen; dëst an Zesummenaarbecht mam techneschen Fachpersonal.

    Obligatoresch Ufuerderungen

    D'Kandidate sollen:

    • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
    • Beruffserfarung hunn
    • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
    • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
    • eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
    • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
    • de Führerschäin Klass B hunn

    Wënschenswäert Ufuerderungen

    Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

    Mir bidden

    • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
    • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung