Een Diploméierten Erzéier - Mondorf-les-Bains, Luxembourg - APEMH
Description
BeschreiwungD'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service d'Activités de Jour (SAJ) zu Mondorf, een diploméierten Erzéier (w/m/x), CDI Vollzäit - fir direkt oder no Ofsprooch
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
**Responsabilitéiten**:
Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.
**Obligatoresch Ufuerderungen**:
D'Kandidate sollen:
- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
- Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn
**Wënschenswäert Ufuerderungen**:
Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
**Mir bidden**:
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch Educatioun Diploméierten Éducateur (14e) Beruffserfarung 0+ years
Plus d'emplois de APEMH
-
Een Diploméierten Erzéier
Bettembourg, Luxembourg - il y a 1 semaine
-
Heilpedagogen / Pedagogen / Orthophonisten
Luxembourg - il y a 1 semaine
-
ee graduéierten Erzéier
Bettange-sur-Mess, Luxembourg - il y a 6 jours
-
Ee Diploméierten Erzéier
Wormeldange, Luxembourg - il y a 3 jours
-
Ee Geléierte Kach
Luxembourg - il y a 6 jours
-
Een Polyvalenten Mataarbechter
Luxembourg - il y a 1 semaine