Gestionnaire Administratif de Formation - Luxembourg - Arcus

Arcus
Arcus
Entreprise vérifiée
Luxembourg

il y a 1 semaine

Jean Schmitz

Posté par:

Jean Schmitz

Recruteur de beBee


Description
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l'enfance an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

**Responsabilitéiten** Mir siche fir de focus **:Gestionnaire administratif de formation (m/w Stonnen/Woch CDI**
- (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)_

Hues du Loscht am Beräich vun de Formatioune fir edukatiivt Personal ze schaffen a folgend Missiounen ze erfëllen:

- Gestioun an administrative Suivi vun de Formatiounen déi de Service focus ubitt, vun der Planifikatioun bis zur Realisatioun a Facturatioun
- Gestioun vun den Dokumenter a Verbindung mat de Formatiounen (Kontrakter mat de Formateur'en, Presenzlëschten, Zertifikat'en,...)
- Logistesch Gestioun vum Material
- Accueil vun de Participant'en an de Formateuren, sou wéi de Client'en an de Fournisseuren
- Verwalte vun der deeglecher administrativer Aarbecht

**Obligatoresch Ufuerderungen**
- Du hues een Diplom als « DAP/CATP agent administratif et commercial »
- Du hues e puer Joer Beruffserfarung
- Du kanns flexibel an autonom schaffen, hues awer och ee staarken Teamgeescht
- Du schaffs mat grousser Prezisioun a Grëndlechkeet
- Du hues ee gudde Kontakt mam Client
- Du hues ganz gutt Kenntnisser am "MS Office"
- Du hues eventuell Kenntnisser an engem Formatiounsprogramm
- Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen a schreiwen

**Mir bidden**
- E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
- E multidisziplinäert Aarbechtsfeld

Plus d'emplois de Arcus