Een Aide Socio-familial - Dudelange, Luxembourg - APEMH
Description
D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Struktur "Maison d'Accueil Mère-Enfant" zu Diddeleng, déi 3 Mammen mat enger intellektueller Beanträchtegung an hiren Kanner een protegéiert Ëmfeld bidd, een Aide socio-familial (w/m/x), fir en CDI 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
**Responsabilitéiten** An eiser Struktur d'Accueil zu Diddeling, ass et an der Responsabilitéit vum Aide socio-familial, 3 Mammen bei:
- der Ëmsetzung vun hirem Projet de vie mam Kand ze begleeden
- der Organisatioun vun hirem Alldag ze begleeden
- hiren Elterelechefäegkeeten ze ënnerstëtzen an bei der Entwécklung vun hirem Kand
- der Entwécklung vun der Mamm/Kand Bezéiung ze ënnerstëtzen
**Obligatoresch Ufuerderungen** - Diplom als Aide socio-familial
- Berufflech Erfarung an engem ähnlechen Beräich hun
- Beherrschung vun der lëtzebuergescher, franséischer an däitscher Sprooch ass onverzichtbar
- Flexibel an den Schaffzäiten sinn
- Excellent relationel an kommunikativ Kompetenzen hunn
- Souwuel alleng wéi och an enger Équipe schaffen kennen
- Gudd redaktionnell an organisatoresch Kompetenzen hunn
**Wënschenswäert Ufuerderungen** Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
**Mir bidden** - attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung an hiren Kand.
Plus d'emplois de APEMH
-
Een Diploméierten Erzéier Oder Een Aide-educateur
Differdange, Luxembourg - il y a 1 semaine
-
Een Diploméierten Erzéier Oder Aide-soignant
Esch-sur-Alzette, Luxembourg - il y a 3 jours
-
Diploméierten Erzéier Fir Eis Wunnstruktur Zu
Hosingen, Luxembourg - il y a 1 semaine
-
Botzkraaft (W/m/x) Fir Eis Atelieren Am Süden Vum
Luxembourg - il y a 1 semaine
-
Ee Diploméierten Erzéier
Wormeldange, Luxembourg - il y a 3 jours
-
Botzkraaft (W/m)
Bettembourg, Luxembourg - il y a 1 semaine