- der Emsetzung vun hirem " Projet de vie" mam Kand.
- der Organisatioun vum Alldag.
- dem Opbau vun enger Mamm-Kand Bezéihung
- der Ennerstezung vun der Entwecklung vun hirem Kand.
- Diplom als diploméierten Erzéier, Infirmier pédiatrique oder Sage-Femme (an d'Autorisation d'exercer)
- berufflech Erfarung an engem ähnlechen Beräich hun
- Beherrschung vun der lëtzebuergescher, franséischer an däitscher Sprooch ass onverzichtbar
- flexibel an den Schaffzäiten sinn
- excellent relationel an kommunikativ Kompetenzen hunn
- souwuel alleng wéi och an enger Équipe schaffen kennen
- gudd redaktionnell an organisatoresch Kompetenzen hunn
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung an hiren Kand.
diploméierten Erzéier, Infirmier pédiatrique oder Sage-Femme - Dudelange, Luxembourg - APEMH
il y a 1 semaine
Description
D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Struktur d'Accueil "Mère-Enfant" zu Diddeleng, déi 3 Mammen mat enger intellektueller Beanträchtegung an hiren Kanner een protegéiert Ëmfeld bidd, een diploméierten Erzéier, een Infirmier pédiatrique oder eng Sage-Femme (w/m/x) - CDI - 20 Stonnen / Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
An eiser Struktur d'accueil zu Diddeling, ass et an der Responsabilitéit vum Mataarbechter, 3 Mammen ze begleeden bei:
Obligatoresch Ufuerderungen
Wënschenswäert Ufuerderungen
Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.