Freelance Eldo Fotograf - Luxembourg - Eldoradio
il y a 1 semaine
Description
**Freelance Eldo Fotograf**:Du mëss gäre Fotoen a bass gären a vill ënnerwee? Du gees vun engem Event op dat anert, oder bass éischter op deene verschidde Concerten ënnerwee?
Dann gëff och du Deel vum Eldo Foto Team.
An eisem Team ginn et zwee verschidde Beräicher:
- Event Foto Team: Hei geet een op déi verschidden Eventer, Partyen a Feieren déi iwwerall sou am Land stattfannen.
- Concert Foto Team: Hei geet een op déi verschiddene Concerten am Land.
**Wat ass deng Missioun?**
- Déi beschte Momenter a Bildform festzehalen
- Op den Eventer ginn People Fotoen, Ambiance a Stëmmungsbiller gemaach
- Op de Concerte ginn Fotoe vun dem Sänger/der Band gemaach an natierlech och vum Public
- Wann de Chiko mat ënnerwee: Fotoe vun him mat de Leit maachen
**Wisou grad den Eldo?**
- Et kritt een e ganz neie Bléckwénkel op d'Events zu Lëtzebuerg
- Dir leiert nei Leit kennen déi am Lëtzebuerger Nuetsliewen aktiv sinn
- Heiansdo kritt een och Accès an exklusiv Beräicher déi net fir de Visiteur vum Event zougänglech sinn
- An dat Bescht et erméiglecht een dem Eldoland Erënnerunge vun onvergiessleche Momenter festzehalen
- Eng jonk, dynamesch an decaléiert Ekipp
**Du bass interesséiert?
A komm Samschdes den 22 Abrëll bis laanscht an ergräif deng Eldo Jobportunity.
Plus d'emplois de Eldoradio
-
Eldo Animatioun a Redaktioun
Luxembourg - il y a 1 semaine
-
Freelance Eldo News-redaktioun
Luxembourg - il y a 1 semaine
-
Freelance Eldo Event Team
Luxembourg - il y a 1 semaine
-
Eldo Digital Content Manager
Luxembourg - il y a 1 semaine
-
Freelance Eldo Online-redaktioun
Luxembourg - il y a 1 semaine
-
Freelance Eldo Animatioun
Luxembourg - il y a 1 semaine