Immobilienagent (M/w/d) - Howald, Luxembourg - Geranimmo Sàrl

Geranimmo Sàrl
Geranimmo Sàrl
Entreprise vérifiée
Howald, Luxembourg

il y a 1 semaine

Jean Schmitz

Posté par:

Jean Schmitz

Recruteur de beBee


Description
Geranimmo Sàrl (Agence immobilière & Administrateur de biens)

sicht een **Immobilienagent / Agent immobilier (M/W/D) **fir säin Team ze verstäerken an ze ennerstëtzen.

**Är Roll**:

- Ënnerstëtzung vum Direkteur an engem Mataarbechter
- Visiten organiséieren an Client'en betreien, begleeden an beroden
- Visite-Rendez-vous'er bestätegen
- Nei Objet'en fir d'Vente an d'Locatioun eran brengen
- Nei Administation de biens Objet'en eran brengen
- Etat des lieux maachen um Uffank an um Schluss vun enger Locatioun
- Dossier'en konform maachen fir d'Lutte antiblanchiment
- Fotoen an Video'en maachen vun den Objeten an publizéieren op verschiddenen Siten

**Äre Profil**:

- Dir hutt en Première's oder Treizième's Diplom an hutt eng éischt Beruffserfahrung vun 2-3 Joer als Immobilienagent
- Dir huet en Certificat de réussite vun der LSC, Kategorie Agent Immobilier
- Dir sidd vertraut mam legislativen Kontext vum Verkaaf, vun der Locatioun a vum Coliving
- Gutt Sproochekenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen an am Engleschen. All aner Sprooch ass vun Virdeel
- Dir kënnt gutt mat de gängege Computer Programmer (MS-Office) ëmgoen.
- Dir sidd bewandert mam Ëmgaang mat den sozialen Medien (FB, Istagramm, Twitter, LinkedIn, TikTok)
- Digital an pabeierlos um Laptop, Tablett an Smartphone ze schaffen ass fir Iech keen Neiland

**Är Qualitéiten**:

- Den Ëmgang mat Mënschen aus verschiddenen Beräicher a Kulturen fällt Iech liicht
- Dir kënnt autonom, responsabel, organiséiert an konzentréiert schaffen
- Dir sidd flexibel, dynamesch, motivéiert an hutt och Teamgeescht
- Dir sidd proaktiv a scheit iech net konstruktiv nei Idiën anzebrëngen
- Dir sidd diskret a professionell
- Dir hudd en Autosführerschein an hudd d'Erfahrung op gängegen friemen Autoën ze fueren

**Mir bidden**:

- Onbefristeten Kontrakt
- Professionellt a multikulturellt Ëmfeld
- Gutt individuell Weiderbildung an Entwécklung
- Sympathescht TeamModern a spannend Aufgaben
- Ee variéiert an interessant Aarbechtsëmfeld
- Een de Qualifikatiounen ugepasste Salaire
- Parkméigelechkeeten fir Auto an Velo
- Méigelechkeeten fir vun doheem aus ze schaffen

Bei Astellung verlaangen mir en aktuellen Auszoch aus dem Strof Register (Extrait casier judiciaire).

Plus d'emplois de Geranimmo Sàrl