Chargé de Direction Alimentation - Luxembourg - APEMH

APEMH
APEMH
Entreprise vérifiée
Luxembourg

il y a 1 semaine

Jean Schmitz

Posté par:

Jean Schmitz

Recruteur de beBee


Description
Beschreiwung
D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren een Chargé de direction Alimentation (w/m/x), CDI 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

**Missiounen**:
Den Departement "Ausbildung a Schaffen" vun der APEMH géreiert op verschiddenen Siten am Land eng Metzlerei, 2 Butticker, en service Traiteur, eng Biskuiterie an verschidden Kichen, dei souwuel Iessen fir eist Personal an eis betreiten Mataarbechter kachen, an och fir extern Strukturen.

Am Respekt vun der Strategie an de Wäerter vun der APEMH stidd dir am enken Kontakt mat de Responsabel vun den Servicer an mat deenen aneren Memberen vun der Direktioun vun den Atelieren.

Ziel vun der Arbecht:

- eng qualitativ héichwäerteg Produktion an Servicer um Klient ze garanteieren.
- e flott an sënnvollt Arbechtsemfeld fir Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ze schaafen, den Bedürfnisser vun der Persoun ugepasst.

Dir schafft zesummen mat enger multidisziplinärer Ekipp, mat techneschem an educativem Personal, an aner intern oder extern Servicer. Dir sidd zoustänneg fir:

- **D'Koordinatioun an d'Ënnerstëtzung vun de Responsabel an der Gestioun, der Organisatioun an der Formatioun vun hieren Ekippen.**:

- **D'Koordinatioun vun der Produktioun, am Respekt vun den Legislatiounen an Reglementer, an den Zieler, dei an der Direktioun festgeluecht gin.**

**Mir sichen**:

- Dir hudd eng Ausbildung am Bereich vun der Alimentation oder Hygiène alimentaire (minimium Brevet de maîtrise) a hudd gudd Kenntnisser vun den gesetzlechen Reglementatiounen.
- Dir hudd Loscht, dësen Défi mat an an enger engagéierter Equipe unzegoen.
- Dir verfügt iwwert Reaktivitéit, Pragmatismus, gutt redaktionell an informatesch Kompetenzen, esou wéi analytesch Fäegkeeten.
- Dir hudd minimum 5 Joer Erfahrung an enger ähnlecher Funktioun.
- Dir schwätzt lëtzebuergesch.
- Dir hudd de Führerschäin B.

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Bac +2

Plus d'emplois de APEMH