Educateur Gradué Oder Diplômé - Mersch, Luxembourg - Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Description
BeschreiwungD'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hire Service Fleegefamilljendëngscht
een Educateur gradué oder Educateur diplômé (m/w/d)
CDI - 80% Tâche
Ref: EDGEDDFFDCDI1121
Är Aufgaben:
- Dir iwwerhuelt, d'ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu Fleegefamilljen, Fleegekanner an hiere biologëschen Elteren;
- Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger Betreiung
- Orientéierung un de gesetzleche Grondlagen, de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn, dem nationale Rahmenplan vun der Kanner
- a Familljenhëllef souwéi och den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen
- Dir huelt un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
- Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l'Enfance (mesure 8.3.)
- Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF
- Erstellung vu Berichter an Dokumentatioun
Äre Profil:
- Dir hutt en unerkannten Diplom Bachelor Studium an der Sozialpedagogik / Éducateur gradué oder eng Equivalenz oder den Diplom vum Educateur diplômé mat der « autorisation d'exercer »
- Dir hutt eng wäertschätzend Haltung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat de Kanner, Jugendlech a jonken Erwuessene souwéi och den Elteren/ Familljen.
- Dir hutt Verantwortungsbewosstsein a staarken Teamgeescht.
- Fachlech Kenntnisser an de Beräicher SOP, Bindung an Trauma, Kanner
- a Jugendschutz, systemesch
- ressourcen
- a léisungsorientéiertem Denken si vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung.
- Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd tëscht Méindes a Samschdes am Asaz och bis an den Owend eran.
- Dir hutt e gudde Stress
- a Krisemanagement.
- Dir hutt gutt redaktionell Fäegkeeten.
- Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, a villäicht nach eng véiert Sprooch.
- Dir hutt e Führerschäi B.
Mir bidden:
- Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner
- a Jugendhëllef.
- Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner
- a Jugendschutz.
- Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS.
- Sympass Kaart.
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
- Liewenslaf mat Foto
- Motivatiounsbréif
- Kopie vum Diplom
- Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Diploméierten Éducateur (14e)
Plus d'emplois de Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
-
Educateurs diplômés
Mersch, Luxembourg - il y a 1 semaine
-
Responsable Maintenance
Mersch, Luxembourg - il y a 1 semaine
-
Erzieher Mit Einer Spezialisierung Im Bereich Der
Mersch, Luxembourg - il y a 1 jour
-
Educateur Diplômé
Mersch, Luxembourg - il y a 1 semaine
-
Chargé de mission Administration et Salaires
Mersch, Luxembourg - il y a 2 jours
-
Educateur gradué oder diplômé
Mersch, Luxembourg - il y a 4 jours